Angebot

D'Jugendhaus ass engersäits en Treffpunkt, wou mat Gläichaltregen Zäit verbruecht ka ginn, een Kicker, Billard, Videosspiller an Gesellschaftsspiller spillen kann, oder einfach nëmme geschwat gett. Maer bidden eng Vielfalt un Zaitschreften un an plangen zesummen mat den Jugendlechen dei next Aktiviteiten. Doriwwer eraus hunn di Jugendlech e geregelten Zougang zu Computeren an d'Jugendhaus bidd neierdings och Hausaufgabenhellef un.
Och fir d'Gloscht an den Duuscht ass beschtens gesuergt. An der "Bar" gëtt et Softgedrénks a Snacken.
Donneschdes bidden maer "Guitarskueren" un; Freides gëtt meeschtens zesumme gekacht.

Nieft den Aktivitéite fir di Jugendlech geet d'Jugendhaus och enger informativer a präventiver Roll no (Internet Sécherheet mat BEE SECURE, Antidiskriminatiounsworksshops).

D'Babylonia Jugendhaus zu Réimech huet e schallisoléierten a voll equipéierte Museksraum. Ween sech zur Musik bewege well, deem steet e grousse Spigel zur Verfügung.

Weider Informatiounen zum Jugendhaus, souwéi d' Umeldungsformulairë fannt dir op eiser Homepage oder direkt am Jugendhaus selwer.