Submitted by Babylonia Jugendhaus on

Optrëtt zu Munneref - Centre sportif Roll Delles
D'Babylonia-Jugendhaus (vun de Gemenge Bous, Réimech, Schengen a Stadbriedemes), d'Jugendhaus Munneref an d'Jugendhaus Duelem/Weiler-la-Tour, si stolz Iech hiere Musiksprojet "Rollin' on the River" presentéieren ze kënnen, deen an Zesummenaarbecht mam "Service National de la Jeunesse" an der Agence artistique "Kadakes", organiséiert ginn ass.
Dëse Musiksevent bidd de Jugendlechen zwëschen 12 an 30 Joer eng Plattform hier kreativ Talenter ënner Beweis stellen ze kennen, sief dat am Sangen, Danzen, Räppen, als Museker aus deene verschiddenste Genren, "Beat making" etc. genausou wéi am Beräich Sound- a Bühnentechnik oder Dekoratioun.
Ganz besonnesch frou si mir hinnen dobaï renomméierte Kënschtler wéi d'Sylvia Camarda, de Paul Hoffmann, de Läb an de Serge Schonckert zur Saït stellen ze kënnen. Zesumme mat hinnen hunn si virum Hannergrond vum 50ste Bühnejubiläum vun de Rolling Stones eng Show op d'Been gestallt, déi Jonk an Al beweise soll, datt d'Stones net ouni Grond iwwer 5 Dekade laang a generatiouneniwwergraïfend een Erfolleg nom anere feiere konnten. - See more at: http://www.luxembourg-ticket.lu/
15.9.2013 um 17h Optrëtt zu Munneref
Centre sportif Roll Delles
Avenue des Villes Jumelées
L- 5612 Mondorf-les-Bains
