Festival

D'Musel Rockt

11.Juni 2016

 

Den 11 JUNI 2016 fënnt de Festival d'Musel Rockt statt. Fir di zweete Kéier organiséiert vum Babylonia Jugendhaus an Zesummenaarbecht mam SNJ, mam Ministère de l'Educatioun nationale, de l'enfance et de la Jeunesse an eise véier Partnergemenge Réimech, Bous, Schengen a Stadbriedemes.

 

Wei de Numm et scho seet, lee mir den Accent op d'Jugend an d'Museker aus der Regioun. Nieft eisen Acts bidde mir eisem Publique, Upcycling Workshope vun „KnotDesign Upcycling Delux“ un a wëllen duerch eng Chillout Area fir eng gemittlech Stëmmung suergen. Fir den Honger zwëschenduerch suergt de Foodtruck "Foody" a fir Gedrénks ass eis Jugend zoustänneg.

 

Line Up

Porn Queen 

Bommeleeërgewerkschaft

Traffic Jam

BenSer

Marenelo and Louis Sessions

 

Virverkaf 5,- €

Oweskeess 7,- €