Konzept

Wat ass e Jugendhaus? 

D'Jugendhaus ass en Treffpunkt an eng Plaz fir pädagogesch sënnvoll Fräizäitbeschäftegung, et ass op fir jiddereen ab 12 Joer. An alle Jugendhaiser ginn déi Jonk duerch qualifizéiert Personal betreit, eng gutt Betreiungs- a Projetsqualitéit gëtt assuréiert.

En agreablen, Jugendgerechte Kader

All Jugendhaus stellt de Jonke jugendgerecht Raimlechkeeten an Equipementer zur Verfügung. En internt Reglement assuréiert gutt Ofleef an eng agreabel Atmosphär. Fëmmen an de Konsum vun Alkohol sinn am Jugendhaus net erlaabt.

Déi Pädagogesch Relatioun: en zentraalt Element

Dat Wichtegst am Jugendhaus ass d'Relatioun tëschent dem edukative Personal an de Jonken. E vertrauensvolle Kontakt entwéckelt sech an der alldeeglecher Aarbecht, wei och bei den Aktivitéiten a Projete vum Jugendhaus. Duerch de pädagogesche Lien kennen déi Jonk an hire Verännerungsprozesser op dem Wee fir Erwuessen ze ginn ënnerstëtzt ginn. 

Handlungsfelder

Thematesch fannen déi Projeten an Aktivitéiten an de Jugendhaiser am Kader vu folgende Beräicher statt: Emotiounen a sozial Bezéiungen, Partizipatioun, Kommunikatioun, Kreativitéit, Kierperbewosstsinn, Ëmwelt.

Eenzel-Ënnerstëtzung

Meedercher a Jongen (wei och d'Elteren) fannen am Jugendhaus kompetent Uspriechpartner fir all Thematik. D'Educatricen an Educateuren hunn e pädagogeschen Optrag a kennen a ville Situatiounen ënnerstëtzen oder eng Weidervermëttlung zu anere Fachservicer organiséieren. 

Qualitéit vun der pädagogescher Aarbecht

All Jugendhaus huet e "Concept d'action général" mat Ziler fir déi pädagogesch Aarbecht. Op dëser Basis ginn déi, mat de Jonken developpéiert, Projeten ausgeschafft. D'Konzept ka bei Interessi gären zur Verfügung gestallt ginn (dir fannt et am Unhang). D' Aarbecht am Jugendhaus gëtt kontrolléiert vum "Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse" a vun de Gemengen.


AnhangGröße
3 Seilen vum JH.jpg188.95 KB