Back to top

Proufsall zu Réimech

Egal ob Band, Solokënschtler, Hip Hop, Rap, Rock, Techno, House oder Klassik ... d'Babylonia Jugendhaus bidd d'Méiglechkeet an engem Schall isoléiertem a voll ausgerüste Raum ze prouwen.

De Proufsall ass duerch di finanziell Ënnerstëtzung vum Familljeministère a mat Zesummenaarbecht mat "Service National de la Jeunesse" entstanen. Dofir besteet zousätzlech d'Méiglechkeet fir d'Museker sech professionell coachen ze loossen, op engem nationale Festival opzetrieden an eventuell souguer eng Demo-CD opzehuelen.

Den 8. Dezember 2011 gouf de Proufsall ageweit an d'Jugendhaus huet den offiziellen "Proufsall-Label" duerch e Vetrieder vum SNJ iwwerreecht krit. Dëse Label gewährleistet eng Betreiung duerch e speziell geschoult Personal am Jugendhaus.

Bei Interesse kann een sech umellen. Su ka séchergestallt ginn, dass de Raum och zur Verfügung steet. All Donneschdes zwësche 16:00 an 19:00 kann een zum "OPEN-Proufsall" kommen an d'Gittaren, Drumms, Keyboards ... ausprobéieren.

Ausrüstung vum Proufsall:

- Mëschpult (6Mic-inputs, 12 Jack-inputs, Aux-input)

- Bassbox

- MP3-CD-Player

- 6 Mikroen (3x Vocal, 3x Instrumental)

- 2 Lautsprecherboxen

- Drumms (Snare, Hi-Hat, Doublebass, Crash, Ride, 2 Toms, 1 Floortom)

- 2 Keyboards (Casio LK-230 und Bontempi PM64)

- 4 klassesch Gittaren

- 1 elektresch Gittare, inkl. Verstäerker

- iMac ink. GarageBand